 |
Häerzlech wëllkomm op eisem Site !
De Cercle Joseph Bech dréit de Numm vun engem grousse Lëtzebuerger Staatsmann.
De Joseph Bech war ënner anerem Ausseminister vu 1926 bis 1959, an däer selwechter Zäit och Minister fir de Wäi- bau, an zweemol Staatsminister – vu 1926 bis 1937 a vu 1953 bis 1958. An däer Zäit huet hien eist Land, seng Entwécklung a seng international Roll méi wéi irgend een anere geprägt.
Hie war Member vun der Exilregierung am Zweete Welt- krich an huet an de Krichsjoere vu London aus eng nei Positioun fir eist Land op der internationaler Kaart gesicht an definéiert. De Joseph Bech war sonner Zweiwel während laanger Zäit, a besonnesch tëschent de Kricher am Vëlkerbond, dee bekanntste Lëtzebuerger déi Säit vun eise Grenzen. Hien huet eist Land mat exemplareschem Geschéck a groussem Erfolleg no bausse vertrueden.
Zu Lëtzebuerg war hien e Politiker, dee sech mat Kompromësser schwéier gedoen huet. Seng Determinatioun an der Saach gouf zu kengem Moment gebrach. De Fuerderunge vun Eenzelen an hire Grupéirungen ass hie nie erleeën: säin Intressi war ëmmer dee vum Land, vum ganze Land an all sengen Awunner.
De Joseph Bech huet resolut no vir gekuckt, och wann daat hien zu dëser oder däer onglécklecher Décisioun zu Lëtzebuerg gefouert huet. Hien huet u seng Iwwerzeegunge gegleewt an se ni verleegent – och wann daat aneren, an der Politik a ronderëm, net gefall huet. Dem Joseph Bech seng Politik war déi vun engem authentesche Vertrieder vun enger grousser Vollekspartei, déi hir Visiounen a Politike kenger Clientèle zum Affer faale léisst.
Den Ausseminister Bech huet déi international Geboter vun der Stonn verstanen a seng Aktioun no hinnen ausgeriicht. Virum Zweete Weltkrich huet hie strikt op d’Neutralitéit vu Lëtzebuerg gepocht, am Glawen drunn, datt Lëtzebuerg net an irgend enger Allianz dierft an d’Oofhängegkeet vun dësem oder deem grousse Land geroden. Zu London, am Krich, huet en derfir gesuergt, datt Lëtzebuerg mat der Belsch an Holland de BENELUX-Vertrag ënnerschriwwen huet, well en erkannt haat, datt kleng Länner hire Wee nom Krich nëmme kéinten zesumme beschreiden. 1949 huet de Joseph Bech eist Land als Grënnungsmember an d’NATO gefouert, wou zesumme mat den Alliéierten d’Fräiheet an déi demokratesch Uerdnung vun de westeuropäesche Staate verdeedegt sollt ginn. An deem selwechte Joer huet Lëtzebuerg den Europarot matgegrënnt, duerno huet den Ausseminister Bech d’Memberschaft vun eisem Land an der Montanunioun, der EURATOM an der EWG ënner deene beschtméigleche Bedingunge verhandelt. Seng Ënnerschrëft steet ënner de Verträg vu Roum.
De Cercle Joseph Bech, am Udenken un dee Staatsmann, dee säi Numm en dréit, fillt sech der Politik vum Joseph Bech verflicht. Fir Lëtzebuerg nëmmen dee ganzen Intressi ze gesinn, iwwer d’Fuerderunge vun Eenzelen a Lobbyen d’Wuel vun eis alleguer an de Viirdergrond ze stellen, eng global Visioun virun Aen ze behaalen – daat ass d’Linn, un däer de Cercle sech orientéiert. Seng Positionéirunge si vun deem Geescht inspiréiert; säin Uleies ass eng Politik vun de groussen Ziiler, iwwer all Partikularintressiën ewech.
|
 |
|